Haut, Muer an Deemools cover art

Haut, Muer an Deemools

Haut, Muer an Deemools

By: Harmonie Municipale Differdange
Listen for free

«Haut, Muer an Deemools», de Podcast vun der Harmonie Municipale Differdange, oder einfach, vun der Déifferdenger Musek. Gegrënnt 1884, huet de Veräin eng räich Geschicht hannert sech mee och nach vill viru sech. Hei kritt dir iwwer Interviewe mat Zäitzeie mat, wéi et deemools war, haut ass a muer hoffentlech wäert sinn. Lauschtert no an erlieft en nostalgeschen an informativen Abléck iwwert d’Origine vun der HMD. Der héiert perséinlech Geschichte vun de Memberen, a léiert iwwer d’Entwécklung an d’musikalesch Ierfschaft vum Veräin.Harmonie Municipale Differdange Music
Episodes
  • Speziell Episod - Live am Park
    Jun 11 2026

    Eng weider Episod, déi e bëssen anescht ass wéi dat wat dir gewinnt sidd. Dës Kéier hu mir eise Podcaststudio an de Park Gerlache zu Déifferdeng verluecht, wou de 6. Juni 2026 de Live am Park stattfonnt huet. Bei dësem gratis Event hu sechs Museksveräiner aus dem Land fir eng flott Ambiance gesuergt, wärend och zwee Filmer ënner fräiem Himmel gewise goufen.

    Mir hunn d’Geleeënheet genotzt, fir mat Vertrieder vun de verschiddene Veräiner iwwert de Live am Park ze schwätzen, mee och iwwert hiren Enn vun der Saison, hir Projeten an dat, wat an der nächster Saison alles geplangt ass.

    Interviewt goufen: Ralph Massard vun der Harmonie Uewer­käerjeng, Stéphanie Perna vun der Fanfare Nidderkuer, Georges Engel vun der Harmonie Zolwer, Mike Schneider vun der Nojemer Musek, Glenn Hopfeld a Gilles Simon vu "La Lyre" Helleng, souwéi de Jeff Kaufmann vun der Klengbettener Musek.

    Produktioun: Harmonie Municipale Differdange

    Animatioun: Gilles Krein

    Opgeholl de 6. Juni 2026 beim Live am Park am Park Gerlache zu Déifferdeng.

    Show More Show Less
    1 hr and 3 mins
  • Episod 14 - Eugène Schmitz
    May 29 2026

    An dëser neier Episod vun eisem Podcast schwätze mer mam Eugène Schmitz, och Usch genannt. Den Usch huet an der Déifferdenger Musek ugefaangen mam Hautbois a spillt de Moment Saxofon Tenor. Do dertëscht huet en och Saxofon Bass a Pauke gespillt. Hie war och a villen anere Museksveräiner, ënnert anerem zu Nidderkuer an der Fanfare, zu Rodange, Lamadelaine a zu Biekerech an der Musek. Eng Folleg déi Dir op kee Fall verpassen dierft. Lauschtert eran!

    Produktioun: Harmonie Municipale Differdange

    Animatioun: Louis Elsen a Gilles Krein

    Technik: Michel Pereira

    Opgeholl den 22. Abrëll 2026 am Musekssall vun der HMD.

    Show More Show Less
    31 mins
  • Speziell Episod - 1. Mee Feier
    May 1 2026

    Eng liicht aner Episod wéi dat wat dir gewinnt sidd. Haut hu mir eise Podcaststudio an d'Natur bruecht fir kënnen "live" vun eiser 1. Mee Feier Andréck ze sammelen. Den 1. Mee feiert d'Déifferdenger Musek traditionnell zesummen mat de Lanz Bulldog Frënn an dem Gaart an Heem Uewerkuer an haut hu mir Musikanten an och net Musikante gefrot wat si vum éischte Mee an eisem Veräin halen.

    Sinn interviewt ginn: Sam Hermes, Raphael Mosar, Michel Meisch, Réjane Nennig, Fuang-Fa Weber, Elisa Bucarini, Louis Alves a Gonçalo Martins Enes.

    Produktioun: Harmonie Municipale Differdange

    Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira

    Opgeholl den 1. Mee 2026 an de Schrebergäert vum Gaart an Heem Uewerkuer.

    Show More Show Less
    35 mins
adbl_web_anon_alc_button_suppression_t1
No reviews yet