Den Jobcast cover art

Den Jobcast

Den Jobcast

By: ADEM | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
Listen for free

LIMITED TIME OFFER | £0.99/mo for the first 3 months

Premium Plus auto-renews at £8.99/mo after 3 months. Terms apply.

About this listen

De Wee vun der Aschreiwung bei der ADEM bis an den aktuellen Job. All Episod erzielt eng inspiréierend Success-Story. Den Jobcast ass de Podcast vum Studio J, der Produktiounsunitéit vum Lëtzebuerger Journal, a Kollaboratioun mat der ADEM, der Agence pour le développement de l'Emploi. Career Success Economics Education
Episodes
  • #6 Kevin Risch
    Dec 4 2025
    De Kevin Risch huet 28 Joer, ass aus Lëtzebuerg a mécht Musek. Déi eng oder aner kennen e bestëmmt och ënnert dem Numm Brebo. De Lycée huet hien, wou e méi jonk war, virun der Première ofgebrach. Hien ass an e Fitnesszenter schaffe gaang… bis en do entlooss ginn ass. Vu senger Musek ze liewen – säin endgültegt Zil – war awer (nach) net méiglech. An esou huet hien sech bei d'ADEM ageschriwwen. E puer Joer méi spéit ass de Kevin nach ëmmer bei der ADEM… Elo schafft en awer hei, am Guichet REVIS (kuerz fir Revenu d'inclusion sociale). A wéi d'Schicksal et wollt, ass säin deemolege Conseiller, de Gilles Eckes, haut säi Chef. Zesummen erzielen si dem Kevin seng Geschicht – vum éischte Rendezvous, wou hien ze spéit komm ass, bis hin zu hirer haiteger Aarbechtsbezéiung.
    Show More Show Less
    22 mins
  • #5 Merryn Swan
    May 20 2025
    De Merryn Swan kënnt aus Groussbritannien. No engem Ëmwee am Gibraltar ass fir d'Léift zu Lëtzebuerg gelant. Hei huet hien sech ëmmer weider bis zu engem Féierungsposten am Finanzberäich erop geschafft. "Ech hu gemengt, dass dat fir ëmmer mäi Liewe géif sinn", esou de Merryn. An dunn : Burnout, Therapien an eng Aklasséierung als "Travailleur handicapé". Zwee Joer méi spéit féiert de Merryn ee ganz anert Liewen, wäit ewech vun de Costumen a vun den Zuelen. Mat der Hëllef vun der ADEM huet hien een Job fonnt, wou hien seng Kreativitéit a Rou ausliewe kann. Zesumme mam Franziska Peschel, senger Chefredactrice, erzielt hie säi Wee zu sengem Posten als Production Assistant bei Radio ARA.
    Show More Show Less
    24 mins
  • #4 Iryna Shevelova
    Apr 16 2025
    D'Iryna Shevelova ass Ukrainerin. Virun engem Joer huet si déi schwiereg Entscheedung getraff, hiert Heemechtsland, an deem bis haut nach Krich herrscht, ze verloossen. Si ass op Lëtzebuerg komm, fir hir bescht Frëndin ze besichen an huet doropshin entscheet, ze bleiwen. "Ech hunn einfach gemierkt, dass ech hei e bessere Schlof kréien", erzielt si. Professionell huet si sech op eng schwéier Zäit gefaasst gemaach… Déi war méi kuerz, wéi geplangt. Mat der Hëllef vun der ADEM huet si schnell een Job fonnt, deen hir Spaass mécht. Zesumme mam Madeleine Skacel, hir Managerin, erzielt si hire Wee zu hirem Posten als Assistant Office Manager bei M&G Investments.
    Show More Show Less
    25 mins
No reviews yet