35M Elevator Pitch cover art

35M Elevator Pitch

35M Elevator Pitch

By: 35M Films
Listen for free

We invite filmmakers from Luxembourg and all over the world to discuss their passion and craft of making movies!

© 2026 35M Elevator Pitch
Art
Episodes
  • FRED NEUEN – Parallel Welten 🇱🇺
    Apr 3 2026

    Haut hu mer net nëmmen héije Besuch (eisen éischte President!) mee et ass des Kéier och e Podcast, dee struppevoll ass mat de verschiddensten Themen. Well de Fred Neuen ass un allem interesséiert wat mat Geschichtenerzielen a Weltebauen ze dinn huet. De Fred ass duerch an duerch Cinephile vu klengem un, dat erkennt ee spéitstens wann ee säin Tattoo gesäit.

    Iwwer d'Joren huet hien net nëmme Filmer gemaach als Regisseur a Produzent, mee och Telés Programmer, Musiksvidoen, Reklammen, huet Produktiounsfirme gegrënnt, kreéiert Video Spiller a produzéiert VR Projeten. Als Kréinung ass en dann och nach de President vun der Filmakademie.

    Also ganz éierlech, keng Anung wéi deen Typ dat mécht, fir alles ännert een Hutt ze bréngen. E Geheimtipp schéngt ze sinn, och als Erwuessenen net ze vergiesse, vu wat een als Kand gedreemt huet. An do war am Fall vum Fred vill lass, wéi een sech ka virstellen.

    Support the show

    Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don:
    www.35mfilms.com/podcast-donate


    Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

    Instagram: @35mfilms
    www.35mfilms.com

    Show More Show Less
    1 hr and 13 mins
  • SASCHA LEY – Ni opginn! 🇱🇺
    Mar 6 2026

    D’Sascha Ley ass sou villsäiteg wéi een als Performer nëmme ka sinn – hatt ass grad sou douéiert als Sängerin a Komponistin, wéi och als Schauspillerin, souwuel op der Bühn wéi virun der Kamera. Also, ech sinn e mega Fan. An dat net réischt zënter, dass ech d’Chance hat mat him ze schaffen op eisem leschte Kuerzfilm „Backstage“ – wou hatt rëm op en Neit bewisen huet, wat fir eng couragéiert Schauspillerin hatt ass, déi sech traut bis zum Äussersten ze goen.

    D’Sascha erzielt eis wat fir en Afloss Indien op seng kënschtleresch Sensibilitéit hat – wéi een op dee Punkt kennt, sech selwer z‘akzeptéiere wéi een ass – a wéi fir hatt e schrot Akzident zou engem entscheedende Moment gouf, deen hatt op de Wee vun der Konscht gefouert huet.

    Wisou et huet missen d’Sascha sinn an eisem Kuerzfilm „Backstage“, a keen anert – dat beschwätze mer an dëser Episod.

    Support the show

    Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don:
    www.35mfilms.com/podcast-donate


    Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

    Instagram: @35mfilms
    www.35mfilms.com

    Show More Show Less
    1 hr and 14 mins
  • JULES WARINGO – Best of Both Worlds 🇱🇺
    Feb 6 2026

    Mir sinn zréck!! Eisen éischte Gaascht vun der neier Saison ass de Jules Waringo.

    Kaum ee war sou fréi schonn op Filmsets ënnerwee wéi hien. Als Fils vun engem Produzent an enger Schauspillerin, war et jo bal net anescht méiglech, dass hien haut och déi zwee Beruffer mécht.

    De Jules erkläert eis net nëmme wou den Ënnerscheed läit tëschent Produzent a Production Manager – mee erzielt eis och wéi et op der Premiere zu San Sebastian war, wou hien den neie Film vum belsche Starregisseur Joachim Lafosse presentéiert huet. Am „Six Jours ce Printemps-là“ huet eise Jules nämlech eng vun den Haaptrollen dierfe spillen.

    Natierlech musse mer awer och iwwert déi News schwätzen, déi iwwert de Joachim wärend dem Dréi erauskomm sinn, an säin – soe mer – problematescht Behuelen op Tournagen an der Vergaangenheet uprangeren.

    Wéi dem Jules seng Erfarung mat him war – a wisou hien an der Lycée’s Zäit aus der Schoul geflunn ass – dat erzielt hien eis an dësem Interview.

    Support the show

    Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don:
    www.35mfilms.com/podcast-donate


    Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

    Instagram: @35mfilms
    www.35mfilms.com

    Show More Show Less
    1 hr and 18 mins
adbl_web_anon_alc_button_suppression_t1
No reviews yet